Abd ar-Rahman al-Bazzaz

irakesche Regierungsadministrateur


Den Abd ar-Rahman al-Bazzaz, och Abdul Rahman al-Bazzaz (Arabesch: عبد الرحمن البزاز), gebuer den 20. Februar 1913 a gestuerwen den 28. Juni 1973, war en irakesche Regierungsadministrateur.

Abd ar-Rahman al-Bazzaz
Gebuer20. Februar 1913
Bagdad
Gestuerwen28. Juni 1973
Bagdad
NationalitéitIrak
EducatiounKing’s College London,
The Dickson Poon School of Law
AktivitéitRiichter, Politiker, Diplomat, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller
ParteiBaath-Partei

Hie war vum 1. Mee 1964 bis den 30. Abrëll 1965 Generalsekretär vun der OPEC.

Duerno war hien am Joer 1965 eng Zäit laang Ausseminister a Premierminister vum Irak. Vum 13. Abrëll bis de 16. Abrëll 1966 war hien Interimspresident nom Doud vum Abd as-Salam Arif. No him gouf dem Arif säi Brudder, den Abd ar-Rahman Arif, President. Am August 1966 huet e seng Plaz als Premier opginn, a säin Nofollger gouf den Naji Talib.