9. Arrondissement vu Paräis

ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis


Den 9. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement de l'Opéra) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. En huet sech haaptsächlech am 19. Joerhonnert entwéckelt, absënns an der Belle Époque.

9. Arrondissement vu Paräis
QuartierenSaint-Georges,
Chaussée-d'Antin,
Faubourg-Montmartre,
Rochechouart
BuergermeeschterDelphine Bürkli
Awunner58.951
Fläch2,18 km²
Postcode75009
INSEE-Code75109
Koordinaten48°52'41,81"N, 2°20'13,08"O

Mat der Opéra Garnier, der Place de l'Opéra, enger Rëtsch Theateren an de Kinoen op de Grands Boulevards, bitt den 9. Arrondissement eng breet gefächert kulturell Offer.

Geographesch Lag

Den 9. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine. E grenzt am Osten un den 10., am Westen un den 8., am Norden un den 18. an am Süden un den 2. Arrondissement.

Quartieren

Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:

  • 33. Quartier Saint-Georges
  • 34. Quartier de la Chaussée-d'Antin
  • 35. Quartier du Faubourg-Montmartre
  • 36. Quartier de Rochechouart

Biller

Kuckeswäertes

Kleng Auswiel:

  • Opéra Garnier
  • Magasins du Printemps
  • Galeries Lafayette
  • Hotel Radix de Sainte-Foix
  • Musée Grévin
  • Olympia
  • Folies Bergère
  • Theater Saint-Georges
  • Kierch Notre-Dame-de-Lorette
  • Grouss Synagog vu Paräis

Um Spaweck

Commons: 9. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten