51 Eridani

51 Eridani
Stärebild:Eridanus (Eri)
Daten (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun04h 37m 36,13234s
Deklinatioun- 02° 28' 24,7749"
visuell Magnitude5,223 mag
Spektralklass:F0IV
Astrometrie
Radialvitess:12,60 ± 0,3 km/s
Parallax:33,98 ± 0,34
Distanz96,0 ± 1,0 Lj.
Liichtkraaft2,87 mag
Physikalesch Eegenschaften
Uewerflächentemperatur7199 K
Aner Bezeechnungen
Bayerc Eridani
Bright Star CatalogueHR 1474
Flamsteed-Bezeechnung51 Eridani
Henry-Draper-KatalogHD 29391
Hipparcos-KatalogHIP 21547
2MASSJ04373613-0228248
SAOSAO 131358
Tycho-KatalogTYC 4739/1551/1

Den 51 Eridani ass e Stär vun der Spektralklass F a läit am Stärebild Eridanus. Hien ass ronn 96 Liichtjoer vun eis ewech. Seng visuell Hellegkeet ass ronn 5 mag a ka bei guddem Wieder nach mat bloussem A observéiert ginn.

Den 51 Eridani gehéirt zu der Beta-Pictoris-Beweegungsgrupp, deen nom Stär Beta Pictoris am Stärebild Pictor genannt ass. D'Memberstäre vun dësem Koup sinn nach relativ jonk an hunn en Alter vun nëmmen zirka 23 Millioune Joer. Am Joer 2015 gouf en Exoplanéit, deen de Stär ëmkreest, entdeckt. Hie gëtt mat 51 Eridani b) bezeechent. Den Exoplanéit gouf duerch direkt Observatioun entdeckt. De Stär, dee mam Herschel-Weltraumteleskop observéiert gouf, gëtt ausserdeem vun enger Brochdeelerchersscheif ëmkreest.

Kuckt och

Portal Astronomie