(434326) 2004 JG6

Asteroid
(Virugeleet vu(n) 2004 JG6)


Den 2004 JG6 ass deen zweete bekannten Apohel-Asteroid (nom (163693) Atira). Seng Bunn läit vollstänneg bannenzeg vun der Äerdëmlafbunn. Den 2004 JG6 kräizt d'Bunne vun de Planéite Venus a Merkur. Seng Ëmlafzäit dauert nëmme 6 Méint. Domat huet den 2004 JG6 déi kierzt Asteroidenëmlafzäit déi äis bekannt ass. Déi grouss Hallefachs vun der Bunn ass méi kleng wéi déi vun der Venus. Den Duerchmiesser vum Asteroid gëtt op 500 bis 1000 Meter geschat.

(434326) 2004 JG6
Eegenschafte vum Orbit
OrbittypAten-Asteroid
BezuchspositiounEquinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs0,635 A.E.
Exzentrizitéit0,532
Sideresch Ëmlafzäit184,798 Deeg
Mëttel Bunnvitess34,58 km/s
Inklinatioun18,962 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser0,5–1,2 km
Mass1,3–18,0 × 1011kg
Mëttel Dicht2,0 g/cm3
Albedo0,10
Absolut Hellegkeet19M
Entdeckung
EntdeckerBrian A. Skiff / LONEOS
Entdeckungsdatum11. Mee 2004
PlazAnderson Mesa Station

Kuckt och

Portal Astronomie