(704) Interamnia

Asteroid


Den (704) Interamnia ass en Asteroid vun der baussenzeger Asteroidenhaaptceinture. E gouf den 2. Oktober 1910 vum italieeneschen Astronom Vincenzo Cerulli a sengem Privatobservatoire zu Teramo (Italien) entdeckt. Den Asteroid gouf nom anticke réimeschen Numm vun Teramo, Interamnia genannt.

(704) Interamnia
Eegenschafte vum Orbit
OrbittypHaaptceintureasteroid
BezuchspositiounEquinoxe: J2000.0
Grouss Hallefachs3.061 A.E.
Exzentrizitéit0,1511
Sideresch Ëmlafzäit5 a 129 d
Mëttel Bunnvitess16,9 km/s
Inklinatioun17,29 Grad
Physikalesch Eegenschaften
Duerchmiesser(316 ± 5) km
Rotatiounsperiod8,73 h
Albedo0,074 ± 0,002
Absolut Hellegkeet5,9M
SpektralklassF
Entdeckung
EntdeckerV. Cerulli
Entdeckungsdatum2. Oktober 1910
PlazAbruzzen-Observatoire
Aner Bezeechnungen1910 KU, 1952 MW

Den Interamnia beweegt sech op enger Distanz vun 2,6 (Perihel) bis 3,5 (Aphel) astronomeschen Eenheeten a 5,4 Joer ëm d'Sonn; d'Exzentrizitéit ass 0,15. D'Bunn ass mat 17,3° staark géint d'Ekliptik gebéit.

Mat engem Duerchmiesser vu ronn 316 km ass den Interamnia de sechstgréissten Objet vun der Haaptceinture. Den Asteroid huet eng donkel kuelestoffräich Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,074. Observatiounen hu gewisen, datt d'Uewerfläch ongewéinlech beschafen a méiglecherweis stëbsfräi ass. A ronn 8 Stonnen a 44 Minutte rotéiert den Interamnia ëm seng eegen Achs.

Aspekter

Stationär, da réckleefegOppositiounMinimaldistanz (AE)Maximalhellegkeet (M)Stationär, da rechtleefegKonjunktioun zu der Sonn
26. Mee 201119. Juli 20111,89502AE10,0M10. September 20119. Mäerz 2012
25. September 201214. November 20121,73045AE9,9M22. Dezember 20123. Juli 2013
9. Dezember 20137. Februar 20142,30271AE10,8M31. Mäerz 201414. September 2014
9. Februar 201512. Abrëll 20152,56289AE11,3M29. Mee 201517. November 2015
26. Abrëll 201618. Juni 20162,12221AE10,3M11. August 201629. Januar 2017
5. August 20171. Oktober 20171,68865AE10,0M5. November 201729. Mee 2018
19. November 201813. Januar 20192,07275AE10,2M6. Mäerz 201922. August 2019
17. Januar 202020. Mäerz 20202,55395AE11,3M7. Mee 202025. Oktober 2020

Kuckt och

Portal Astronomie