Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Schemateschen Diagramm vun engem Tanks (Abrams)
Een Tanks, oder Panzer, ass e gepanzert Gefier, dat vum Militär oder der Police zu Kampfzwecken agesat gëtt. E Panzer ass motoriséiert, fiert op Gleisketten an huet Waffen u Bord. Ënner Tanks stellt ee sech an der Reegel e gepanzerte Won vir, dee géint de Beschoss protegéiert ass, an en dréibaren Tuerm mat enger Kanoun oder MG huet. Et gëtt allerdéngs Panzerween a verschiddenen Ausféierungen, fir ënnerschiddlech Zwecker.
D'Panzerung besteet aus engem Stolalliage, zum Deel an enger Kombinatioun mat Keramik- a Konschtstoffschichten. Ugedriwwe ginn Tanksen haut meeschtens duerch staark leeschtungsfäeg Dieselmotoren, neierdengs och duerch Gasturbinnen, déi a Verbindung mat engem Kettelafwierk sech ganz gutt fir d'Fortbeweegung am koppegen oder knubbelegem Terrain eegnen.
Panzergefierer kënnen no verschiddene Gesiichtspunkte kategoriséiert ginn. Gebräichlich sinn den Asazzweck, d'Gewiicht an d'Manéier wéi se ugedriwwe ginn.