Käthe Haack
- Säit
- Diskussioun
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
Käthe Haack | |
---|---|
Gebuer | 11. August 1897 Berlin |
Gestuerwen | 5. Mee 1986 Berlin |
Nationalitéit | Däitschland |
Aktivitéit | Theaterschauspiller, Filmschauspiller |
Famill | |
Kanner | Hannelore Schroth |
D'Käthe Haack, gebuer den 11. August 1897 zu Berlin, a gestuerwen de 5. Mee 1986 zu Berlin, war eng däitsch Schauspillerin.
No dem Lycée huet d'Käthe Haack bei der Seraphine Détschy Schauspillunterrecht geholl, wat et hir erlaabt huet, 1914 hiert éischt Engagement zu Göttingen ze kréien. Méi spéit huet si an iwwer 100 Filmer matgespillt.
Si war mam Schauspiller Heinrich Schroth (1871-1945) bestuet. Hiert Meedchen, d'Hannelore Schroth (1922-1987) an hire Stéifjong Carl Heinz Schroth (1902-1989) waren och bekannt Schauspiller.
Fir d'lescht war d'Käthe Haack ze gesinn an der Roll vun der "Madamm Homberg" am Tatort-Krimi Fluppys Masche, deen de 6. Februar 1983 gewise gouf.
Commons: Käthe Haack – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Autoritéitskontroll |
|
---|