Johannes Mylius
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
Johannes Mylius | |
---|---|
Gebuer | 1537 jul. Diddeleng |
Gestuerwen | 1596 Madrid |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Jurist |
![]() |
De Johannes (Jean) Mylius, gebuer zu Diddeleng zirka 1537[1], a gestuerwen zu Madrid[2] 1596, war e lëtzebuergesche Geléierten a Jurist.
De Mylius war de Fils vum Mëller vun der aler Bannmillen "um Däich"[3] zu Diddeleng, dohier säin Numm (Mylius = latäiniséiert Form vu Mëller, Müller, Möller). Hien huet op der Universitéit vu Léiwen studéiert an do en Doktertitel - warscheinlech an der Theologie - krut. Hien huet géint 1552 Diddeleng verlooss a koum iwwer Däitschland an Italien a Spuenien, wou hien de juristesche Vertrauensmann vum Geschäftshaus Fugger[4] an de Beroder vum Philipp II. gouf[2].
Zu Diddeleng am Quartier Butschebuerg ass eng Strooss no him genannt: d'rue Jean Mylius (L-3432)[5]. De Johannes (Jean) Mylius ass net, wéi dat dacks ze liesen ass, de Brudder vum Arnold Mylius.
A sengem Testament, dat hien den 9. Januar 1595 zu Madrid verfaasst huet, huet de Mylius säi Frënd de Grof Fugger domat chargéiert, eng Fondatioun fir Studenten ze grënnen, woubäi hien dem Fugger de Choix gelooss huet, dat zu Léiwen, Tréier oder Lëtzebuerg ze maachen. D'Lëtzebuerger hätten nawell gär gesinn, wann déi Sue fir Grënnung vun engem Seminaire zu Lëtzebuerg gebraucht gi wieren. De Fugger huet awer 1610[6] Louvain de Virzock ginn an do de Collegium Mylianum Luxemburgense (Collège Mylius oder Collège luxembourgeois) an d'Liewe geruff, deen iwwer d'Bourssen aus dem Mylius sengem grousse Verméige verfüge konnt. Den éischte President vum "Collège Mylius", dee 1615[7] etabléiert gouf, war den Nicolas Vernulaus (Vernulaeus)[6]. De Mylianum huet iwwer fofzéng Bourse verfüügt, déi joerhonnertelaang ausbezuelt goufen[8].
Den Napoleon hat d'Universitéit vu Léiwen, an domat och de Collegium Mylianum, zougemaach. 1816 huet den hollännesche Kinnek Wëllem I. den Enseignement reorganiséiert an et goufen dräi belsch Universitéite geschaaft: Léck, Gent a Léiwen[9]. 1837 gouf et fir de "Luxembourg belge" fënnef Mylius-Boursë vu jee 250 bis 260 Frang pro Joer. Vun 1850 u waren déi Bourssen tëscht der Belsch a Lëtzebuerg opgedeelt; dräi dovu koume Lëtzebuerg zegutt[10].
D'Ierwe vum Mylius hu vu 1601 un dat Testament viru Geriicht a Fro gestallt, an et gouf joerzéngtelaang, deelweis souguer nach am 18. Joerhonnert, prozesséiert[11].