Bouillabaisse
Geschierkëscht
Allgemeng
Drécken/exportéieren
An anere Projeten
D'Bouillabaisse ass eng Fëschzopp. Fréier gouf se vun de Fëscher mat Fëschreschter preparéiert, mat deene Reschter déi nach am Fëschkuerf iwwereg bliwwe sinn. Haut ass et ee franséischen Nationalplat, deen nëmme mat bestëmmte Fësch preparéiert gëtt.
Als Geméis gi Knuewelek, Ënnen, Tomaten a Fenchel, munnechmol och Grompere geholl, an och nach Safran an Orangëschuelen. Dat Ganzt entspriechend gewierzt. D'Bouillabaisse gëtt mat Broutcroutonen a mat der traditioneller Rouille a gerapptem Kéis zerwéiert.
Marseille ass bekannt fir seng Bouillabaissen. Bouillabaissë gëtt et awer och op der ganzer franséischer Mëttelmierküst an op Korsika.
Haut gëtt et och Bouillabaisse-änlech Fëschzoppe baussent Frankräich, an zwar an alle Länner, déi op Fësch spezialiséiert sinn. Op der Belscher Küst gëtt z. B. eng Fëschzopp vum Nordmier zerwéiert, fir déi och aner lokal Fësch gebraucht ginn.
Commons: Bouillabaisse – Biller, Videoen oder Audiodateien |