Der Himmelskierper gouf no der Kalliope, der Mus vun der eepescher Dichtung, vun der Wëssenschaft genannt.
De Kalliope beweegt sech op enger Distanz vun 2,610 (Perihel) bis 3,21 (Aphel) A.E., a ronn 5 Joer ëm d'Sonn. D'Bunn steet 13,7° schréi zu der Ekliptik, an d'Bunnexzentrizitéit ass 0,103.
De Kalliope huet en Duerchmiesser vun 181 Kilometer an ass domat ee vun de gréissten Asteroide vun der Haaptceinture. A 4 Stonnen an 9 Minutte rotéiert de Kierper ëm seng eegen Achs.
De Kalliope huet e Mound, dee Linus genannt gëtt. De Mound huet en Duerchmiesser vun 38 km a kreest ëm de Kalliope op enger kreesfërmeger Ëmlafbunn op enger Distanz vun 1065 km an 3,59 Deeg.