Den Eurovision Song Contest (ofgekierzt: ESC, fréier besser bekannt als Grand Prix Eurovision de la Chanson) ass en internationale Museksconcours fir Komponisten a Lidderschreiwer, deen zanter 1956 all Joer vun der European Broadcasting Union organiséiert gëtt. Grondsätzlech kënnen all Memberlänner vun der EBU, zu där och e puer asiatesch an afrikanesch Staate gehéieren, matmaachen, andeems se ee Lidd an d'Course schécken.
De Concours gëtt normalerweis an deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen hat. Den Oflaf vun de Sendungen ass zimmlech standardiséiert: Am éischten Deel presentéieren d'Interpreten hir Lidder. No enger Paus gëtt dann d'Punkteverdeelung vun alle bedeelegte Länner bekannt ginn. Zum Schluss däerf de Gewënner säi Lidd eng zweet Kéier presentéieren.
... dat eelst Dokument am Besëtz vun der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik en handgeschriwwent Stéck aus engem Gebietsbuch aus dem 8 Joerhonnert ass, dat de Willibrord vum Poopst geschenkt krut?
… zu Keel op der Léiffrächen Enn 1947 dräi Kanner mysteriéis Marienerscheinunge solle gehat hunn, wat deemools Dausende vu Virwëtzegen ugelackelt huet?
... op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
… de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?