De Bësch zu Lëtzebuerg bedeckt eng Fläch vun 89.150 Hektar, dat si 34,3 % vun der Fläch vum Land.
Jee no Géigend weisen d'Bëscher typesch Charakteristiken op, an et kann ee se an dräi grouss Regiounen opdeelen: Déi héich Ardenne mat Bichebëscher, d'Tëschenzon mat verschiddene Bëscher, an de Museldall mat sengen thermophile Bëscher.
70 % vun de Beem an de lëtzebuergesche Bëscher si Lafbeem, wourënner Bichen (29,9 %) an Eechen (28,1 %) déi geleefegst sinn. Vun den Nolebeem ass d'Fiicht mat 22,9 % déi heefegst Aart. Nieft deenen dräi Aarte sinn eng grouss Zuel un anere Bamzorten an de lëtzebuergesche Bëscher ze fannen, notamment den Alenter, d'Hobich, d'Vullekiischt, d'Lann oder de Spierebam.
Am 1. Joerhonnert v. Chr. huet de Bësch vum haitege Lëtzebuerg zu engem zesummenhängende grousse Massiv gehéiert, dat sech vu Reims bis op Köln gezunn huet. Eng ronn 150 Joer duerno ware scho grouss Deeler tëscht de Vogesen an den Ardennen net méi matenee verbonnen... > méi
... den Zolwerknapp en Zeiebierg ass; d. h. en Hiwwel, deen op senger Kopp Reschter vun enger méi haarder Gestengsschicht huet, wéi déi ronderëm, déi erodéiert ass?
... de Victor Tedesco (1821-1897) aus der Stad Lëtzebuerg an der Belsch wéinst Opruff zur Revolutioun zum Doud verurteelt gouf, spéider awer Affekot, Gemengerot a Provënzialrot zu Arel war?
... d'Uertschaft Gréiwels fréier Nei-Brasilien housch, well sech do am Joer 1828, op den deemolege Gemengegrenze vu Groussbus, Heischent a Wal, Leit néiergelooss hunn, déi alles verkaaft haten, fir a Brasilien auszewanderen, do awer ni ukomm sinn a veraarmt op Lëtzebuerg zeréckkoumen?
... deen éischte Long métrage op Lëtzebuergesch Wat huet e gesot? geheescht huet, an 1981 doruechter gewise gouf?