Den Eurovision Song Contest (ofgekierzt: ESC, fréier besser bekannt als Grand Prix Eurovision de la Chanson) ass en internationale Museksconcours fir Komponisten a Lidderschreiwer, deen zanter 1956 all Joer vun der European Broadcasting Union organiséiert gëtt. Grondsätzlech kënnen all Memberlänner vun der EBU, zu där och e puer asiatesch an afrikanesch Staate gehéieren, matmaachen, andeems se ee Lidd an d'Course schécken.
De Concours gëtt normalerweis an deem Land organiséiert, dat de Grand Prix am Joer virdru gewonnen hat. Den Oflaf vun de Sendungen ass zimmlech standardiséiert: Am éischten Deel presentéieren d'Interpreten hir Lidder. No enger Paus gëtt dann d'Punkteverdeelung vun alle bedeelegte Länner bekannt ginn. Zum Schluss däerf de Gewënner säi Lidd eng zweet Kéier presentéieren.
... op der Single Komm, gib mir deine Hand/Sie liebt dich zwou däitsch Versioune vun de Beatles hire Lidder sinn, déi de Camillo Felgen hinnen iwwersat hat?
… de Jean Beck (1588-1648) aus der Stad Lëtzebuerg et zum Maître de Camp général an der Habsburger Arméi an zum Gouverneur vum Herzogtum Lëtzebuerg an der Grofschaft Chiny bruecht hat?
... zu Zowaasch bis an d'Joer 1980 bei all Begriefnëss e franséischen Douanier huet missen dobäi sinn, well de Kierfecht op franséischem Terrain läit?
1942: Iwwer 13.000 Judde ginn zu Paräis vun der franséischer Police am Vel d'hiv' zesummegedriwwen a vun do aus a Konzentratiouns- a Vernichtungslager deportéiert.
1973: D'Regierung ënnerschreift e Memeorandum of Understanding mat der RWE Essen, fir de Bau vun enger Atomzentral zu Remerschen ze plangen an dann duerchzeféieren.
2005: De lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Tëleesanimatuer, Schlagertextschreiwer a Schauspiller Camille Felgen stierft.